Eldoradio Xclusiv - 1. MäerzMatt Simons - Open up

Mat der éischter Single "Open Up" huet de Singer & Songwriter Matt Simons säin 3. Studio-Album "After The Landslide" ugekënnegt.

Leschten Update: 13.05.2019, 11:18:16

Fakten
No den 2 Studioalben – "Pieces" (2012) a "Catch & Release" (2014) bréngt de Matt Simons de 5. Abrëll säin 3. Album "After The Landslide" eraus. Passend dozou huet hien di nei Single "Open Up" virgestallt.

Fréier Hits:
 2015 & 2016 huet de Matt Simons mat "Catch & Release (Deepend Remix)" d'Spëtzt vun den däitschen Charts erreecht. Och den Titel "Lose Control" huet et an d'Charts gepackt. Dass et sech beim amerikanesche Sänger & Songwriter net ëm ee One-Hit-Wonder handelt, huet hien 2018 mam Radio-Hit "We Can Do Better" gewisen.  



Aussergewéinleches:
D'Musek huet de Matt Simons professionell geléiert. Hien huet Jazz a Saxophon um Purchase Conservatory of Music zu New York studéiert. Direkt nom Studium huet hien seng Carrière als Museker lancéiert. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gavin James, Milow, James Bay



Lauschtert eran: