Eldoradio Xclusiv - 4. MäerzJonas Brothers: Sucker

D'Jonas Brothers si mat der neier Single "Sucker" zréck

Leschten Update: 04.03.2019, 03:23:02

© Mike Coppola/Getty Images for Mercedes-Benz

Fakten
No de Rumeuren ronderëm eng musikalesch Reunion ass et elo offiziell. D'Jonas Brothers ( "Camp Rock") maachen nees zesumme Musek. Dëse Freideg hunn si hir nei  Single "Sucker" virgestallt.

 

Fréier Hits:
Di 3 Jonas-Bridder haten d'Band 2005 gegrënnt.  Bekannt goufen si och duerch den Disney-Film Camp Rock, an deem si nieft der Sängerin Demi Lovato virun der Kamera stinn. 2013 hunn d''Jonas Brothers  sech wéinst "Komplikatiounen bannent der Grupp" als Band getrennt. An der Tëschenzäit hat den Nick eng Solokarriäre lancéiert an den Joe war als Frontmann vun DNCE erfollegräich.  


Aussergewéinleches:
Fir hire Comeback bidden di 3 Bridder een intime Bléck an hiert privat Liewen. Hei spillen nämlech hir richteg Fraen/Frëndinnen mat.