Eldoradio Xclusiv - 5. MäerzDennis Lloyd - Never Go Back

Den israelesche Museker Nir Tibor mécht Musek ënnert sengem Kënschtlernumm Dennis Lloyd.

05.03.2019, 03:12:37

Fakten

Den Dennis huet de Song op sengem Instagram-Account scho méi laang ugekënnegt. Ënner anerem mat engem Video an 3 Deeler, an deem ee Meedchen eng grouss Roll spillt. Een Happy End gëtt et net a genee dat passt och bei deen trauregen Text. Den Dennis huet an engem Interview bekannt ginn, dass hien "Never Go Back" 2 Deeg nom Enn vun enger Bezéiung geschriwwen huet. Trotz der traureger Story kléngt "Never Go Back" zimlech poppeg an ass kee schlecht-Laune-Song. Den Dennis huet fir Abrëll eng nei EP ugekënnegt a verroden, dass di aner Songs nach méi emotional solle ginn.


Aussergewéinleches
Hien hätt net mol Spotify, sot den Dennis Lloyd, a krut dofir als éischt guer näischt vun  den 24 Milliounen Streams vu sengem éischten Hit "Nevermind" mat. De Lloyd  ass eréischt dovu gewuer ginn, wéi e puer Medien an Plackelabel bei him ugeruff hunn.

Fréier Hits
Seng 1. Single "Playa (Say That)" ass 2015 eraus komm. Dono war hien ee Joer zu Bangkok wou hien méi wéi 40 Lidder geschriwwen huet. Eent dovun war "Nevermind", wat am November 2017 an den italieneschen Charts d'Top 30 erreecht huet. Am Mäerz 2018 gouf de Song bei Spotify weltwäit een Erfolleg. Doropshin konnt de Song och an allen 3 däitschsproochege Länner an d'Charts era klammen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Tom Grennan, Bastille


Lauschtert eran: