Eldoradio Xclusiv - 6. MäerzMartin Jensen & James Arthur - Nobody

Den neien Dance-Hit vum Martin Jensen an James Arthur léisst kaum een roueg stoen.

Leschten Update: 06.03.2019, 09:41:01

Fakten
"Nobody”, nennt sech déi nei Single vum Martin Jensen. Fir de Gesang huet sech den dänesche DJ-Superstar de weltwäit erfollegräiche Singer-Songwriter James Arthur mat an d'Boot geholl. Den Dance-Track gëtt dobäi vun akustesche Gittaren-Sounds begleet. Geschriwwen gouf den Titel vum  Shawn Mendes-Produzent Scott Harris a vum Martin Jensen selwer.

Fréier Hits
De Martin Jensen konnt sech an de leschte Joeren an der EDM-Szene en Numm maachen a stécht hanner ville Remixen fir (ë.a.) Ed Sheeran oder Katy Perry. 2016 hat hien e weltwäiten Hit mat "Solo Dance". Den James Arthur hat virdrun Hits wéi "Naked", "Impossible", "Say You Won't Let Go" an "You deserve better".

Aussergewéinleches:
De Martin Jensen huet 2015, als éischt gratis, de Song Sí eraus bruecht, deen de Jubel vum Cristiano Ronaldo nom Gewënn vum FIFA Ballon d’Or 2014  sampelt. D'Lidd ass och op  iTunes an Spotify eraus komm. De Song ass zwar net an di dänesch Charts geklommen, konnt awer a Schweden d'Charts erreechen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Felix Jaehn, Robin Schulz


Lauschtert eran: