Eldoradio Xclusiv - 7. MäerzBakermat feat. Albert Gold - Trouble

"Trouble" vum Bakermat a vum Sänger Albert Gold ass eng Dance-Produktioun mat vill Déifgang an enger grousser Portioun Jazz.

Leschten Update: 07.03.2019, 10:03:56

Fakten
Den ugesoten hollännesche Museker, DJ a Produzent Bakermat presentéiert seng nei Single „Trouble“- een Elektro-Song mat jazzegem Groove an de soulege Vocals vum briteschen Newcomer, Abert Gold, deem säi gefillsbetounte, rhythmesche Stil scho mat Staren wéi Labrynth a Frank Ocean verglach gouf.

Fréier Hits
Den hollänneschen DJ a Produzent Bakermat zielt op Spotify e puer Millioune Streams. Säin Deep-House an Tropical-House Stil huet weltwäiten Erfolleg. Och well hien oft natierlech Instrumenter wéi Flütten, Trompetten oder Saxophon a seng Lidder abaut. Säi gréissten Hit ass "One Day (Vandaag)". Och Singele wéi "Do Your Thing", "Baby", "Living", an "Teach Me" waren erfollegräich. 


Aussergewéinleches:
De Lodewijk Fluttert alias Bakermat lieft zu Utrecht an huet do Psychologie studéiert - bis hien mat der Musek den internationalen Duerchbroch gepackt huet.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kungs. Feder, The Magician


Lauschtert eran: