Eldoradio Xclusiv - 8. MäerzLord Siva & Vera - Paris

De Produzent vu Kopenhagen presentéiert nei Synthiepop-Single vum R'n'B-Sänger Lord Siva.

Leschten Update: 08.03.2019, 03:58:02

Fakten
Den dänesche Producer Vera, huet zesumme mam däneschen R'n'B-Newcomer, Lord Siva, gemeinsam eng nei Single opgeholl. Resultat ass een poppegen Elektro-Sound kombinéiert mam Lord Siva senger delikater Stëmm. Am Laf vum Joer soll och eng EP eraus kommen. 

 

Fréier Hits
de Producer William Asingh, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Vera, ass bekannt fir seng Zesummenaarbecht mat däneschen Artisten wéi MØ an Liss. Hien huet sceh awer och mat eegene Produktiounen en Numm gemaach - als éischt 2017 mat senger Debut-EP "Good Job No Conversation” .

 

Aussergewéinleches:
Dir hutt de Kënschtlernumm "Vera" vläicht nach net héieren, mee dir kennt bestëmmt scho säi Sound. Dee jonken dänesche Producer huet den instrumentale Background fir Lidder vun dänesche Bands wéi  Liss an Off Bloom geliwwert, grad wéi de Bootleg vum  MØ senger Single "Kamikaze." 




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kygo, Lost Frequencies, Sam Feldt


Lauschtert eran: