Eldoradio Xclusiv - 11. MäerzAlphabeat - Shadows

Di dänesch Band Alphabeat ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 11.03.2019, 03:49:02

Fakten
No 7 Joer Paus sinn Alphabeat zréck mat enger neier Single. Fir d'lescht haten di 6 Museker am Joer 2012 denAlbum "Express Non-Stop" eraus bruecht.

Fréier Hits
D'Debütsingle Boyfriend vun 2007 huet et op Platz 11 vun den däneschen Charts gepackt, di 2. Single "10.000 Nights of Thunder" op Plaz 16 . Mam Titel "Fascination" hunn Alphabeat 2008 den internationalen Duerchbroch gepackt. A Groussbritannien gouf d'Lidd een Top-10-Hit an och an aneren europäesche Länner koum d'Lidd an d'Charts. Grond dofir ass och, dass den Titel als Soundtrack fir eng Coca-Cola-Campagne genotzt gouf.

 

Aussergewéinleches:
Trotz, oder grad wéinst éischten Erfolleg, wollt d'Band hire Status op nohaltegem Wee stäerken. Sou hunn d'Museker et refuséiert, am Virprogramm vun de Spice Girls ze spillen, well si  sech onwuel dobäi gefillt hunn, viru sou villen Zuschauer ze spillen, déi hir Lidder net kannt hunn. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Scouting For Girls, The Wombats. Bastille


Lauschtert eran: