Eldoradio Xclusiv - 12. MäerzAva Max - So Am I

No sengem Hit "Sweet But Psycho" ass d'Ava Max zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 12.03.2019, 03:22:03

Fakten
No "Sweet but Psycho" huet d'Newcomerin Ava Max di nächst Single mat Ouerwuerm-Charakter um Start: "So am I" bleift net just direkt hänken, mee huet och ee wichtege Message. An zwar wëllt d'Ava Max domat erreechen, dass d'Leit sech selwer gären hunn.

Fréier Hits
"Sweet But Psycho" war 2018 deen éischten Hit vun der amerikanescher Sängerin. Den Titel huet a méi wéi 10 Länner un d'Spëtzt vun den offizielle Singlecharts gepackt.



Aussergewéinleches:
"So am I" heescht deen neie Song, iwwer deen d'Ava Max Folgendes seet: "Ech hunn an de soziale Medien eng Aktioun gestart, bei där meng Fans 'So Am I' op hir Hand schreiwen an dann eng Foto vu sech maachen. Si sollen all hir Ënnerscheeder weisen. Ween si sinn, wou si sinn, dass si vläicht een anere Background hunn. Et geet dorëm, anescht ze sinn an domat kloer ze kommen."

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Ariana Grande, Dua Lipa


Lauschtert eran: