Eldoradio Xclusiv - 13. MäerzJungle - Casio

Jungle presentéieren eng nei Single aus hirem 2. Album "For Ever"

Leschten Update: 13.03.2019, 08:09:57

Fakten
Wéi Jungle am Summer 2013 mat hirer Single "The Heat" opgedaucht sinn, huet d'Band sech ganz geheimnisvoll inzenéiert: Di 2 Londoner Produzenten Josh Lloyd-Watson an Tom McFarland hu sech als Bandleader presentéiert, op der Bühn huet sech de Projet zu enger Band entwéckelt– d'Musek ass dobäi ee Mix aus Soul, Funk an Disco. 5 Joer méi spéit hunn Jungle sech Enn 2018 zréck gemellt mat hirem 2. Album "For Ever". Mam Synthie-Funk-Titel "Casio" presentéieren si elo eng nei Single doraus.

Aussergewéinleches. 
Am Dezember 2013 goufen Jungle bei "BBCs Sound of 2014" nominéiert. Di 1. Show an hirer Heemechtsstad London am Dezember 2013 war bannent den éischte 24 Stonnen ausverkaaft.



Fréier Hits
2014 gouf déi britesche Band mam Hit "Busy Earnin" bekannt.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
SOHN, The Avener, Alt-J

Lauschtert eran: