Eldoradio Xclusiv - 14. MäerzThe Disliked - Possessed

Déi nei Single vun The Disliked gëtt en éischte Virgeschmaach op déi 11 Lidder vum neien Album, deen den 31. Mee 2019 eraus kënnt.

Leschten Update: 14.03.2019, 03:24:03

Fakten
No 3 Joer Paus mellen The Disliked sech zréck mat hirer neier Single “Possessed”. Et ass déi éischt Single vum neien Album “Reggae Rescue”, deen d’Museker den 31. Mee an der Kulturfabrik presentéieren. Den Album  gouf am Summer 2018 vum Charles Stoltz (Holtz Sound) produzéiert a vum Tom Gatti (Audio Oak) zu Malmédy am Daft Studio opgeholl. Den neie Sound kann een am Beschten als Reggae à la Disliked erklären, “mat Gittaren, déi un dem Santana seng beschten Zäit erënneren, gepeffert mat enger uerdentlecher Portioun Uergel an engem Beat, deen déi gutt al Sublime Sounds opfrëscht”. 



Aussergewéinleches. 
Am Laf vun de Joren hunn The Disliked di gréisst Festivaller hei am Land gespillt- wéi de “Food for your Senses” oder “Koll an Aktioun”, an si waren och an der Groussregioun op Tour.  



Fréier Hits
Zanter 15 Joer ass di Lëtzebuerger Band The Disliked ënnerwee- als éischt mat Punk a Skamusek, fir sech am Laf vun de Joren méi a Richtung Reggae  z’entwéckelen. Hire gréisste Succès bis haut ass den Album “Hôtel Numéro 25” – mat hire stäerkste Live-Songs wéi “Le Captain”, “Mr Nice Guy” oder di franséisch Reggae Ballade “Lezâmi(e)s”.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Seeed, UB40, The Wailers


Lauschtert eran: