Eldoradio Xclusiv - 15. MäerzHilltop Hoods - Exit Sign

Déi australesch Hip-Hop-Grupp ass zréck mat enger neier Single aus dem aktuellen Album "The Great Expanse".

Leschten Update: 15.03.2019, 10:55:31

Fakten:
Den 22. Februar huet den Australeschen Trio Hilltop Hoods säin neie mëttlerweil 8. Studioalbum mam Titel "The Great Expanse" eraus bruecht. Mam Titel "Exit Sign" hunn Hilltop Hoods déi mëttlerweil 3. Single ausgekoppelt.


Aussergewéinleches:
Hiren Numm kënnt vun engem Staddeel vun Adelaide, ënnert den Awunner bekannt als Hilltop, wou di 2 Bandmemberen Suffa a Pressure gewunnt hunn.

Fréier Hits
An hirer australescher Heemecht hunn si mat hire leschten Studioalben reegelméisseg d'Plaz 1 vun den Charts erreecht. Ënner anerem den Album "Drinking From the Sun, Walking Under Stars – Restrung" vun 2016 huet et un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Chiddy Bang, Hoodie Allen, Macklemore

Lauschtert eran: