Eldoradio Xclusiv - 24. AbrëllAlec Benjamin - Let me Down Slowly

Leschten Update: 24.04.2019, 03:14:06

Fakten
Den amerikanesche Singer-Songwriter Alec Benjamin séngt  a senger neier Single "Let Me Down Slowly" dovun, wéi hien drënner leit, dass sech Frëndin sech ëmmer méi vun him distanzéiert: "I once was a man with dignity and grace / Now I'm slipping through the cracks of your cold embrace". Ee leschte Wonsch huet hien: "Could you find a way to let me down slowly? / A little sympathy, I hope you can show me".



Aussergewéinleches
Den Alex Benjamin kënnt vu Phoenix, Arizona a wunnt haut zu Los Angeles. 2013 gouf hien iwwert säi YouTube-Kanal bekannt. Als begabte Geschichtenerzueler huet hien och ugefaangen, zesumme mat senge Frënn eege Musiksvideo'en fir seng Lidder ze produzéieren, déi hien doheem an der Stuff opgeholl huet.  


Fréier Hits

Bis elo huet hien di 3 Lidder  "End Of Summer", I Built A Friend" an "Paper Crown" eraus breucht an domat op Spotify iwwer 15 Millioune Streams notéiert. Och Musekerkollege wéi Shawn Mendes oder Jon Bellion si  Fans vun him. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Gnash, Lewis Capaldi



Lauschtert eran: