Eldoradio Xclusiv - 25. AbrëllRhys Lewis - End Like This

de britesche Museker ass zréck mat der Single "End Like This"

Leschten Update: 25.04.2019, 04:42:06

Fakten
De Rhys Lewis ass ee Singer/Songwriter vun Oxford, dee lo zu London wunnt. Fréier war hie Member an der Band The Blackout. Zanter der Opléisung vun der Band am Joer 2015 ass hien solo ënnerwee. Seng Single "End Like This" ass op senger EP "In Between Minds" ze fannen.

Fréier Hits
Seng Debüt-Single „Waking Up Without You“ huet Plaz 1 vun de Spotify Viral Charts erreecht a gouf an just zwou Wochen ganzer 170.000 Mol gelauschtert. Dono hat hien weider Singele wéi "Be Your Man" an "Living in the City"

Aussergewéinleches:
Fir seng Tracks reest de Rhys Lewis regelméisseg tëscht London, Nashville, L.A., Stockholm a Berlin hin an hir an hëllt sech op de Reesen d'Inspiratioun fir seng Lidder.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Hersey, JP Cooper, Topic

Lauschtert eran: