Eldoradio Xclusiv - 26. AbrëllCallum Beattie - Connection

No der Single "We Are Stars" ass de schottesche Songwriter zréck mat neier Musek.

Leschten Update: 26.04.2019, 09:36:40

Fakten
De Callum Beattie ass ee schottesche Songwriter, vun 23 Joer.  De Sänger vun Edinburgh krut scho vill positiv Kritiken, och bekannte Museker wéi Dizzee Razcal oder Jamie Cullum zielen zu senge Fans. 2018 hat de Callum Beattie mat "We Are Stars" een éischten Hit. Elo ass hien zréck mat neier Musek.


Aussergewéinleches
De Callum Beattie ass Synästhetiker an dat ass schonn dowéinst besonnesch, well hien seng Lidder a Faarwen wouer hëlt an och ënnert deem Androck schreift. Säin éischten Hit „We Are Stars“ zum Beispill ass giel, rout Lidder ze schreiwen evitéiert hien.

Fréier Hits
De Callum Beattie huet schonn e puer Honnert Concerten a senger schottescher Heemecht gespillt. Gréisstendeels a Kellerclubs an a Pubs. Entdeckt gouf hien allerdéngs eréischt wéi hien beim grousse schottesche Festival "T in the park" spontan mat REM op der Bühn stoung. Mat senger Single "We are Stars" huet hien sech zejoert och am Rescht vun Europa bekannt gemaach. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Paolo Nutini, JP Cooper, Tom Grennan

Lauschtert eran: 













Fréier Hits





Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:



Lauschtert eran: