Eldoradio Xclusiv - 29. AbrëllMartin Garrix feat. Macklemore & Fall Out Boy: Summer Days

Den hollännesche Produzent zesumme mam Macklemore a Fall Out Boy-Sänger Patrick Stump op enger neier Single.

Leschten Update: 29.04.2019, 05:39:06

Fakten:
Ween de Martin Garrix méi genee suivéiert, dee weess eppes ganz gewëss: den Hollänner schafft gäre mat anere Kënschtler zesummen. Sou sinn an de leschte Joren ënner anerem Collaboratioune mam David Guetta, Dua Lipa, Khalid, an Usher entstanen. Och fir seng nei Single huet sech den  „Animals“-Produzent nees Ënnerstëtzung geholl: engersäits de PatrickStump, de Frontsänger a Gittarist vun der Alternative-Rock-Band Fall Out Boy an anerersäits de 4-fache Grammy-Gewënner Macklemore.


Aussergewéinleches:
Éischte kommerzielle Succès hat de Martin Garrix 2013 mat senger 2. Solosingle "Animals".  Nodeems hie reprochéiert krut, d'Lidd net selwer produzéiert ze hunn, huet hien an engem 70 Minutte laange Video gewisen, wéi hien den Track gemaach huet. An engem weidere Video vum Future Music Magazine, an deem den hollänneschen DJ erkläert, wéi hien seng Hitsingle produzéiert huet, gesäit een , dass hien deelweis  gecrackte Software benotzt, wat him nach mol Kritik abruecht huet.


Fréier Hits: 
De Macklemore hat mat „Thrift Shop“ a „Can’t Hold Us“ scho Welt-Hits gelant. De Martin Garrix gouf mat Hits wéi "Animals", "Ocean" (feat. Khalid) an "In the Name of love (feat. Bebe Rexha) bekannt.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hilltop Hoods, Wiz Khalifa


Lauschtert eran: