Eldoradio Xclusiv - 30. AbrëllX Ambassadors - Hey Child

No 4 Joer Paus sinn X Ambassadors zréck mat neier Musek.

Leschten Update: 30.04.2019, 05:37:07

Fakten:
De 14. Juni bréngen X Ambassadors hiren neien Album "Orion" eraus. Do ass och di nei Single "Hey Child" drop ze fannen.


Aussergewéinleches:
De Frontmann Sam Harris an de Keyboarder Casey Harris si Geschwëster. Den Noah FeldschuhGittarist vun der Band, ass bal schonn Deel vun der Famill, well di 3 Jonge kenne sech zanter der Spillschoul. De Collegefrënd Adam Levin completéiert d'Band an zanter 2010 sinn si als X Ambassadors zesummen ënnerwee. 


Fréier Hits: 
2014 haten X Ambassadors zesumme mam Jamie N Commons an mat Hëllef vum Publicitéitsspot fir d'Beats-Kopfhörer vum Dr. Dre hiren Duerchbroch. Den Titel "Jungle" deen am Spot benotzt gouf, war net just an den USA mee och an Europa en Hit. 2015 hate si mat der Single "Renegades" hiren 2. groussen Hit.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bastille, Imagine Dragons, Walking On Cars


Lauschtert eran: