Eldoradio Xclusiv - 3. MeeDie Ärzte - Rückkehr

No „Abschied“ hunn Die Ärzte ee weidert neit Lidd eraus bruecht.

Leschten Update: 03.05.2019, 03:10:07

© press_ärzte

Fakten:
„Rückkehr“ heescht di nei Single an déi bréngen d‘Museker zesumme mat „Abschied“ och op enger EP eraus- ënnert dem Numm „Drei Mann. Zwei Songs“. Die Ärzte hunn och eng nei Concerts-App lancéiert,  déi ee gratis am Apple Store an am Google Play Store erof luede kann. Si verspriechen heiduerch ee gelongene Concert voller Interaktioun tëscht dem Fan a senger Liiblingsband. Die Ärzte kommen am Kader vun hirer Tour jo de 25. Mee live an den Atelier.


Aussergewéinleches:
Vill Opmierksamkeet krut d'Band, wéi hiren 3. Album "Die Ärzte" (1986) wéinst dem Song "Claudia" op den Index gesat gouf . D'Band huet vun do un de  Vokabel 'indizéiert' als Markenzeeche benotzt an huet trotz  Radioabstinenz grouss Hale gefëllt. 1988 huet d'Band awer iwwerraschend Schluss gemaach an an d'Opléisung als eenzeg richtege Schrëtt géint Ausverkaf a Kommerzialiséierung gefeiert. Nodeems d'Soloaktivitéite vum Bela a Farin zimlech erfolleglos waren, hunn Die Ärzte sech 1993 nei forméiert a goufen nach méi erfollegräich.


Fréier Hits: 
Lidder wéi "Schrei nach Liebe", "Ein Song namens Schunder" an "Männer sind Schweine" (Plaz 1 am Joer 1998) zielen zu de gréissten Hits vun der Band.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Die Toten Hosen, Beatsteaks

Lauschtert eran: