Eldoradio Xclusiv - 4. MeeMani Orrason - I Swear It`s True

Den islännesche Sänger ass zréck mat enger duusser Popnummer.

Leschten Update: 06.05.2019, 03:01:07

Fakten:
De Mani Orrason ass Islänner a lieft a Spuenien. Bal 5 Joer ass et hir, dass de Mani Orrason a senger islännescher Heemecht bekannt gouf. Di nei Single „I Swear It’s True“ handelt vun onerfëllte Wënsch an anere Steng, déi d'Liewen engem an de Wee werft.  Et ass déi éischt Single vun der EP „Baby Angel“ déi am Juni eraus kënnt.






Aussergewéinleches:
Mat grad mol 16 Joer huet de Mani Orrason doheem an Island en éischten Hit gelant. De Pop-Folk-Song "Fed All My Days" huet hien 2014 als jonkt Ausnametalent bekannt gemaach. 



Fréier Hits: 
An der Vergaangenheet huet de Mani Orrason scho mat sengem Debütalbum "Repeating Patterns" a mat der EP "Wake Me Up" iwwerzeegt.

 

 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ed Sheeran, James Bay, James Arthur


Lauschtert eran: