Eldoradio Xclusiv - 7. MeeOfenbach & Portugal The Man - We Can Hide It

Ofenbach waren zesumme mat Portugal The Man am Studio.

Leschten Update: 07.05.2019, 10:48:48

Fakten
De franséische Produzenten-Duo Ofenbach mausert sech ëmmer méi zur Hitmaschine. No fréiere Kollaboratiounen huet hien elo eng weider zesummenaarbecht virgestallt, den Titel "We Can Hide It" zesumme mat der Band Portugal. The Man. Grad wéi fréier Hist ass och dësen Titel op der Debüt-EP vun Ofenbach ze fannen, déi Ufank Mee eraus komm ass.


Aussergewéinleches
Ofenbach setzt sech aus de Produzenten Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.


Fréier Hits
De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach.  “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single. Enn 2018 haten Ofenbach mat "Paradise" zesumme mam Benjamin Ingrosso ee weideren Hit. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Kungs, Feder

Lauschtert eran: