Eldoradio Xclusiv - 8. MeeLoco Escrito - Punto

De Loco Escrito ass zréck mat engem potentielle Summerhit 2019.

Leschten Update: 08.05.2019, 04:55:07

Fakten:

Mat senger neier Single "Punto" ass de Loco Escrito bannent 24 Stonnen op Plaz 1 vun de Single-Charts am Google Play Store an an de Schwäizer iTunes-Charts geklommen. An dëser neier Single séngt de gebiertege Kolumbianer iwwert d'Enn vun enger Léift. Eng Erfarung déi hien selwer scho duerchgemaach huet


Aussergewéinleches:
D'Gefill vun der Verzweiwlung, wann eng Bezéiung op onerkläerlech Aart a Weis eriwwer ass. Ee Punkt, deen alles verännert, Trauer ervir rifft an um Enn dach Hoffnung bréngt. Deen 29 Joer alen Loco Escrito vermëttelt a senger neier Single Emotiounen, déi eis all beschäftegen.


Fréier Hits: 
Mat "Adiós" an "Mi Culpa" huet de Loco Escrito gewisen, dass hien international Latin-Hits schreiwe kann.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Pedro Capó & Farruko, Alle Farben, Nicky Jam


Lauschtert eran: