Eldoradio Xclusiv - 10. MeeEd Sheeran feat. Justin Bieber - I Don't Care

Den Ed Sheeran an den Justin Bieber collaboréiere fir de Song "I Don't Care". E méigleche Summerhit?

Leschten Update: 10.05.2019, 08:35:20

© Stefanie LOOS / AFP

Fakten:

No zwee Joer op Tour, huet den Ed Sheeran eng nei Single dobaussen. Mat dobäi ass den Justin Bieber. De Song "I Don't Care" gouf vum bekannte Producer Max Martin produzéiert. Am Song sangen déi Zwee dovun net dozou ze gehéieren, ma hinnen ass dat ganz egal, esou laang si bei hirem "Baby" sinn. 

Aussergewéinleches:
"I Don't Care" ass net déi éischte Collaboratioun tëscht den 2. Frënn, ma et ass eng éischte Kéier dat Béid am nämmlechte Song ze héiere sinn. Dem Justin Bieber säin 2015er Hit "Love Yourself" ass vum Ed Sheeran geschriwwe ginn. 

Fréier Hits: 
D'Lëscht vun den Ed Sheeran Hits ass laang. Ugefaangen huet seng Erfollegsstory am Joer 2011 mat "The A Team". "Sing", "Thinking Out Loud" a "Shape of You" si just 3. Nummer 1 Hits déi an de Joren duerno erauskomm sinn. Den Justin Bieber huet an de leschte Jore Nummer 1 Hits gehat mat "What Do You Mean?", "Sorry" a "Love Yourself". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
LSD, Bruno Mars & Eli

Lauschtert eran: