Eldoradio Xclusiv - 13. MeeBastille- Joy

Bastille presentéieren di éischt Single aus dem neien Album "Doom Days".

Leschten Update: 13.05.2019, 09:27:34

Fakten
Mat der Single "JOY" presentéieren Bastille e Virgeschmaach op den neien Album "Doom Days", deen de 14. Juni 2019 eraus kënnt! Domat komme Bastille dëst Joer och live op de Rock am Ring/Rock im Park....

Aussergewéinleches. 
Bastille war am Ufank ee Soloprojet vum Singer-Songwriter Dan Smith, deen hien 2010 mat 3 Frënn zur Band ausgebaut huet. D'Band ass nom 14. Juli benannt, well de Leadsänger Dan Smith op dësem Dag Gebuertsdag huet. Deen Dag a gëtt Frankräich als Nationalfeierdag zur Erënnerung un de Stuerm op d'Bastille zelebréiert.


Fréier Hits
D'Single "Flaws" huet 2012 Plaz 21 an de UK-Charts erreecht.  2013 hat Bastille mat der Single "Pompeii" deen éischte ganz groussen Erfolleg. Si ass ënner anerem an de UK-Charts op Plaz 2 gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Imagine Dragons, OneRepublic, Two Door Cinema Club

Lauschtert eran: