Eldoradio Xclusiv - 14. MeeLuis Fonsi & Sebastian Yatra & Nicky Jam: Date La Vuelta

Zesumme mam Sebastián Yatra an Nicky Jam liwwert de Luis Fonsi ee weidere Summerhit.

Leschten Update: 14.05.2019, 08:08:52

Fakten:
Zesumme mam kolumbianesche Singer-Songwriter Sebastián Yatra a Reggaeton-Sänger Nicky Jam huet de Luis Fonsi déi nei Single "Date La Vuelta" eraus bruecht. Iwwersat bedeit den Titel "Dréi dech ëm". Am Songtext séngt den Trio dovun, wéi een an enger perfekter Nuecht eng wonnerschéi Fra ze gesi kritt.


Aussergewéinleches:
De Luis Fonsi krut 7 Guinness World Records fir „Despacito“ (dorënner fir dee meescht gekuckten Online-Video a meescht gestreamten Track jeemools).


Fréier Hits
Virdrun hat de Luis Fonsi mat "Despacito" dee gréisste Summer-Hit vum Joer 2017 gelant. Dono hat hien mam Demi Lovato den Hit "Échame La Culpa".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Enrique Iglesias, Ricky Martin, Pedro Capo

Lauschtert eran: