Eldoradio Xclusiv - 15. MeeBanks - Gimme

No 2 Joer Paus ass di amerikanesch Sängerin zréck mat neier Musek.

Leschten Update: 15.05.2019, 03:03:08

Fakten:
Am neie Song geet et drëm, dat ze kréien, wat ee wëllt - a sech dofir anzesetzen. „Gimme“ ass vum Hudson Mohawke produzéiert. De schotteschen DJ a Produzent huet selwer scho vill Musek eraus bruecht a mat Kënschtler wéi Kanye West oder Boys Noize zesumme geschafft. Dëst Joer soll och en neien Album eraus kommen.



Aussergewéinleches:
Fréier huet d'Banks net vill vu Social Media gehalen. Dowéinst huet hatt deemools eng Telefonsnummer ëffentlech uginn, fir dass seng Fans hatt erreeche kéinten.


Fréier Hits
Mat der Single "Beggin for thread" gouf d'Banks viru 5 Joer bekannt.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lykke Li, Charli XCX, Tove Lo

Lauschtert eran: