Eldoradio Xclusiv - 16. MeeThe Amazons - Doubt it

Di britesch Rockband presentéiert mat "Doubt it" eng éischt nei Single aus dem neien Album.

Leschten Update: 16.05.2019, 04:36:08

Fakten
The Amazons bréngen Enn Mee hiren neien Album "Future Dust" eraus. Am Virfeld gëtt et elo déi éischt nei Single "Doubt it".

Fréier Hits
Mat haarde Gittaren an enger enormer Energie hunn sech The Amazons a kuerzer Zäit zu engem vun den Top-Newcomer-Acts an Europa etabléiert. Hiren Debütalbum vun 2017 gouf ganz gutt vun der europäescher Presse opgeholl, The Amazons sinn längst op den Hotlists vu villen etabléierten Plattformen a Medien.

Aussergewéinleches:
The Amazons hu fir d'éischt mat der Demo „Something In The Water“ op Soundcloud op sech opmierksam gemaach an domat ee kléngen Hype ausgeléist. 2015 sinn si als Support-Act mat The Kooks op Tour gaangen. Rage Against The Machine, Nirvana oder Led Zeppelin nennen di 4 als Afloss.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Circa Waves, Biffy Clyro, The Wombats

Lauschtert eran: