Eldoradio Xclusiv - 22. MeeIzzy Bizu & Chris Martin - Someone That Loves You 19`

D'Izzy Bizu mat enger neier Versioun vun "Someone That Loves You" zesumme mam Chris Martin.

Leschten Update: 22.05.2019, 09:30:47

Fakten:
Mëtt Abrëll huet d'Izzy Bizzu seng nei EP "Glita" eraus bruecht .  Et ass seng éischt offiziell Release zanter dem Debütalbum "A Moment of Madness" vun 2016. Op der neier EP ass eng nei Versioun vu senger Single "Someone That Loves You", mam Special Guest Chris Martin vun der Band Coldplay. Di 2 Museker hu sech 2017 kenne geléiert, wéi d'Izzy Bizzu Coldplay op hirer Nordamerika-Tour ënnerstëtzt hat.

 

Aussergewéinleches:
D'Izzy Bizu huet Gesang um British and Irish Modern Music Institute studéiert. 2013 huet hatt bei engem Open-Mic-Concours matgemaach, bei deem ënner anerem Naughty Boy an Emeli Sande an der Jury souzen. Kuerz drop ass hatt am Virprogramm vum Sam Smith opgetrueden.


Fréier Hits:
D'Lidd"White Tiger" ass 2015 als Single eraus komm a konnt sech 2016 an den europäesche Singlecharts placéieren.

 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Emeli Sandé, MO, Jess Glynne


Lauschtert eran: