Eldoradio Xclusiv - 23. MeeLoyle Carner feat. Jorja Smith - Loose Ends

Di nei Single vum Loyle Carner ass eng Reflektioun iwwert di familiär Verloschter, déi de britesche Rapper a sengem Liewen huet misse verkraaften.

Leschten Update: 23.05.2019, 03:37:01

Fakten

Ee Rapper, deen iwwert seng Famill rappt, fënnt ee just seelen. De Loyle Carner mécht awer genee dat. Och op senger neier  Single „Loose Ends“ thematiséiert de Loyle, dee mat biergerlechem Numm Benjamin Coyle-Larner heescht, d' Problemer, déi sech net ëm Alter, Geschlecht oder Kontestand dréien: D'Lidd handelt vun verstuerwene Pappen, verstuerwene Frënn a vun verluerenen Dreem.


Aussergewéinleches
Als Kand krut de Loyle Carner vun engem Doktor ADHS attestéiert. Mee den Zappelphillip huet säi ganz eegenen Ritalin-Ersaz fonnt: Lidder schreiwen. "Ech sinn eigentlech zimlech impulsiv a... platzen heiansdo mat Saachen eraus, déi ech guer net sou mengen. Beim Schreiwen muss ech mech roueg hisetzen an  eraus fannen, wéi et sech ufillt." 

Fréier Hits
E sëlleche Medien sinn sech eens dass de Loyle Carner de Moment zu deene beschte Museker gehéiert déi de Moment aus der der britescher Rap-Szene kommen. Scho mat sengem éischten eegene Song "Cantona" krut hien Opmierksamkeet an der Underground Hip-Hop Szene. Am September 2014 huet hien seng Debüt-EP "A Little Late" eraus bruecht. Mat sengem Debütalbum "Yesderday's Gone" vun 2017 gouf hie fir de Mercury Music Prize nominéiert. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
De La Soul, Childish Gambino, Chance The Rapper

Lauschtert eran: