Eldoradio Xclusiv - 24. MeeEd Sheeran - Cross Me

Zesumme mat Chance The Rapper an PnB Rock presentéiert den Ed Sheeran eng nei Single

Leschten Update: 24.05.2019, 14:47:38

© afp

Fakten:
Just zwou Wochen no der Single "I Don’t Care" mam Justin Bieber huet de britesche Museker seng nei Single "Cross Me" eraus bruecht. Och hei sinn nees spannend Feature-Gäscht drop ze fannen: den Chance The Rapper an den PnB Rock. Den 12. Juli kënnt säin neien Album "No.6 Collaborations Project" mat 15 neie Songs. 

Aussergewéinleches:
Den Ed Sheeran huet sech des Woch wéi scho virun "I Don' Care" e grousse Spaass gemaach, d'Detailer zum Song mat Teaser-Fotoen an Instagram-Storys unzekënnegen.

Fréier Hits: 
D'Lëscht vun den Ed Sheeran Hits ass laang. Ugefaangen huet seng Erfollegsstory am Joer 2011 mat "The A Team". "Sing", "Thinking Out Loud" a "Shape of You" si just 3. Nummer 1 Hits déi an de Joren duerno erauskomm sinn. Den Justin Bieber huet an de leschte Jore Nummer 1 Hits gehat mat "What Do You Mean?", "Sorry" a "Love Yourself". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
LSD, Bruno Mars & Eli