Eldoradio Xclusiv - 4. JuniJess Glynne & Jax Jones - One touch

Fir seng nei Single "One Touch" huet sech d'Jess Glynne mam DJ a Produzent Jax Jones zesumme gedinn.

Leschten Update: 04.06.2019, 03:50:01

Fakten:
Huet ee seng grouss Léift eemol fonnt, da kann een och nach e bësse méi laang op si waarden, schliisslech huet ee jo säi ganzt Liewen nach gemeinsam viru sech – dat ass de Message vun der Single "One Touch", déi di britesch Sängerin zesumme mam Produzent Jax Jones opgeholl huet. "Until you’re done with running I’ll be patient / Cause I know you’ll be there / And I never had a plan for this", singt Jess, die weiß: "With just one touch / You take me there / Without your love / We go nowhere"

Aussergewéinleches
An e puer Wochen geet d'Jess Glynne als Support vun de Spice Girls op seng éischt Stadiontour iwwerhaapt. Säi Live-Set wäert nieft "One Touch“ all seng Hits ëmfaassen, déi hatt schonn op sengem Konto huet.


Fréier Hits

Di 29 Joer al Londoner Sängerin ass nieft 2 UK 1-Alben déi eenzeg britesch Kënschtlerin, déi schonn 7 Nummer-1-Singelen an de UK-Charts placéiert huet. Den Jax Jones hat 2016 mat der Single „You Don’t Know Me“ een éischte groussen Hit gelant.  Dono hat hien ënner anerem mat Mabel & Rich the Kid den Hit "Ring Ring", a mat Years & Years den Hit "Play".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Duke Dumont

Lauschtert eran: