Eldoradio Xclusiv - 5. JuniMark Ronson feat. Camila Cabelo - Find U Again

De Mark Ronson presentéiert déi 3. Single vu sengem neien Album "Late Night Feeling".

Leschten Update: 05.06.2019, 03:43:01

Fakten:
No de Lidder zesumme mam Miley Cyrus oder Lykke Li huet de Mark Ronson di 3. Singel aus sengem neien Album virgestallt. Ënnerstëtzung fir den neien Track "Find U Again" gëtt et vum kubanesche Superstar Camila Cabello. Dem Mark Ronson säi neien a 5. Studioalbum kënnt den 21. Juni eraus. Et ass den Nofolger vun “Uptown Special“, deen 2015 Plaz 1 vun de UK Charts erreecht hat.



Aussergewéinleches
An de leschte Joren huet deen 43 Joer alen Englänner verschidde Kollaboratiounen eraus bruecht (ë.a. mam Miley Cyrus, A$AP Rocky, Quincy Jones & Chaka Khan, Michael Jackson) a  Produktiounen (Duran Duran, Action Bronson, Paul McCartney, Lady Gaga, Adele, Queens of the Stone Age). Hien huet ee Plackelabel gegrënnt an zesumme mam Diplo de Superproducer-Duo Silk City an d'Liewe geruff. D'Silk City-Single "Electricity" mam Dua Lipa war a Groussbritannien een Top 5 Hit. Ausserdeem war hien als Co-Songwriter um Hit "Shallow" vum Lady Gaga a Bradley Cooper (A Star Is Born) bedeeelegt.



Fréier Hits
Viru kuerzem huet de Mark Ronson zesumme mam Miley Cyrus den Hit "Nothing Breaks Like A Heart" gelant, den éischte Release vu sengem neien Album. Virdrun hat hien ënner anerem mat "Uptown Funk" mam Bruno Mars ee Welthit gelant. De Song gouf mat engem BRIT Award an 2 Grammy Awards ausgezeechent an huet sech weltwäit méi wéi 11 Milliounen Mol verkaaft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lady Gaga, Rihanna, Selena Gomez


Lauschtert eran: