Eldoradio Xclusiv - 14. JuniTaylor Swift - You Need To Calm Down

Mat "Lover" huet d'Taylor Swift e neien Album fir den August ugekënnegt. "You Need To Calm Down" ass déi 2. a ganz nei Single doraus!

Leschten Update: 14.06.2019, 08:53:09

© Valeria Macon AFP

Fakten
An engem spontan ugekënnegte Live-Video huet d'Talyor Swift e ganz neie Studio Album an eng nei Single annoncéiert. Säi neien a 7. Album "Lover" wäert den 23. August erauskommen. D'Single "You Need To Calm Down" ass elo dobaussen an den 2. Release aus sengem neie Longplayer. Et ass e Song géint déi Leit, déi ëmmer alles schlecht schwätzen a negativ gesinn. Den Titel vum Song ass seng Äntwert fir déi Pessimisten. 

 

Aussergewéinleches
De nächste Méinde wäert de Video zum Song erauskommen. D'Taylor Swift wäert hei sengem neie Faarf-Shema trei bleiwen. Och de Cover vu sengem neien Album "Lover" ass schonn eraus an och deen ass genee esou bont, wéi d'Single "Me" et schonn ugedeit huet. 

 

Fréier Hits
D'Lëscht vun den Taylor Swift Hits ass laang! Ernimme kann een awer d'Hits "Shake It Off" a "Blank Space", déi alle Béid 2014 op sengem Album "1989" drop waren a grouss Hits gi sinn. Aktuell huet d'Musekerin mam Panic! At The Disco Sängern Brendon Urie den Hit "Me" an den Charts. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Katy Perry, Selena Gomez & Ed Sheeran


Lauschtert eran: