Eldoradio Xclusiv - 19. JuniCamelphat & Jake Bugg - Be Someone

De briteschen DJ-Duo presentéiert déi éischt Single vu sengem Debütalbum

Leschten Update: 20.06.2019, 06:55:34

Fakten
Fir CamelPhat dierft 2019 ee gutt Joer ginn. Den Debüt-Album ass schonn an der Pipeline, an als Virgeschmaach liwwert de briteschen DJ-Duo mat „Be Someone“ den éischten Track dovun. Mat um Start ass den Jake Bugg, deem säi Comeback an dëser Form zimlech onerwaart war.



Aussergewéinleches
Di 2 Membere vu CamelPhat hunn eng Zäit Wrestling-Masken gedroen, fir hir Identitéit ze verstoppen. Si wollten domat erreechen, dass d'Leit hir Musek beuerteelen, an net si 2 als Persounen! Mëttlerweil gesäit een CamelPhat awer ouni Masken op der Bühn.


 

Fréier Hits
CamelPhat maache schonn zanter 2004 zesumme Musek. Hire groussen Duerchbroch hate si dann 2017 mat der Single „Cola“, fir déi si souguer bei de Grammyen 2018 an der Kategorie „Best Dance Recording“ nominéiert waren. Den Jake Bugg hat 2013 mat Lidder wéi „Lightning Bolt“ an „Two Fingers“ den Duerchbroch.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Disciples, Purple Disco Machine, Duke Dumont



Lauschtert eran: