Eldoradio Xclusiv - 20. JuniAvicii feat. Chris Martin - Heaven

Den 20. Abrëll 2018 hat de schwedeschen DJ Avicii sech d’Liewe geholl. Elo ass een neit Lidd vum Museker eraus komm- mam Chris Martin als Gaaschtsänger.

Leschten Update: 20.06.2019, 06:55:44

Fakten:
Säin Doud huet d'Musekswelt schockéiert. Den 20. Abrëll 2018 ass de schwedesche Star-DJ a Produzent Avicii am Alter vun 28 Joer gestuerwen. Ee Joer no sengem Doud  ass een neien Album mam Numm "TIM" vum Museker eraus komm. No der éischter Single "SOS" gouf heiraus eng 2. Single ausgekoppelt. Am Titel "Heaven" ass de Coldplay-Sänger Chris Martin als Gaaschtsänger ze héieren. 


Aussergewéinleches:
Schonn 2014 huet de Star-DJ mam Coldplay Frontman Chris Martin den emotionalen EDM Song opgeholl. Eigentlech hätt d'Lidd schonn um 2. Album vum schwedeschen DJ sollen eraus kommen, awer leider koum et deemools net zu engem Release.


Fréier Hits: 
2013 huet den Avicii seng Single "Wake me up" zesumme mam  Aloe Blacc eraus bruecht, a gouf domat weltwäit bekannt, Just ee Joer méi spéit huet de Song bei Spotify als éischt Lidd iwwerhaapt méi wéi 200 Milliounen Streams erreecht.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Calvin Harris, Galantis


Lauschtert eran: