Eldoradio Xclusiv - 21. JuniAlle Farben - Different For Us

Den DJ Alle Farben presentéiert eng nei Single vu sengem neien Album "Sticker On My Suitcase"

21.06.2019, 02:47:58

Fakten:
2 Méint no "Walk Away" zesumme mam James Blunt bréngt de Berliner DJ seng nei Single "Different For Us" eraus zesumme mat sengem neien Album. "Sticker On My Suitcase" heescht dat neit Wierk an et ass mëttlerweil deen 3. Studioalbum vum DJ. Fir d'Single "Different For Us" ass ee weidere spannende Featuregaascht mat vun der Partie. D'Singer-Songwriterin Jordan Power huet scho mat Megastare wéi Selena Gomez an Charlie Puth zesummegeschafft. 

Aussergewéinleches:
Säit 12 Joer ass de Berliner Museker Alle Farben als Dj aktiv. An der Heemecht war hien laang de Geheimtipp, éier him 2014 mat "She Moves" den Duerchbroch gegléckt ass.


Fréier Hits
Mat "She Moves" hat den Alle Farben am Joer 2014 en éischten Top 10 Hit. Mat Lidder wéi "Please Tell Rosie", "Little Hollywood" an "Only Thing We Know" konnt hien sech dono och an den Charts plazéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Lost Frequencies & Robin Schulz

Lauschtert eran: