Eldoradio Xclusiv - 24. JuniShawn Mendes & Camila Cabello - Señorita

No “I Know What You Did Last Summer” presentéiere Shawn Mendes a Camila Cabello ee weidere gemeinsamen Hit.

Leschten Update: 24.06.2019, 03:18:01

Fakten
De kanadesche Shootingstar an di amerikanesch Sängerin presentéiere mam Titel "Señorita" eng gemeinsam Single. 2015 haten si schonn d'Kollaboratioun "I Know What You Did Last Summer" releast. Den Track konnt an Neiséiland d'Spëtzt vun den Charts erreechen an huet et an den USA op Plaz 5 gepackt.


Aussergewéinlches:
De Shawn Mendes hat virdrun Hits wéi "Stitches", "Treat You Better" an "In My Blood".


Fréier Hits
Gréisstendeels ouni Ënnerstëtzung vun de Medien huet de Shawn Mendes sech eng grouss Fangemeinschaft am Internet geséchert a bei Vine 3,8 Milliounen Fans erreecht. Säin éischte Song am Joer 2014, den Titel "Life of the Party", gouf deen am meeschte gedeelte Song vun der Woch bei Twitter an huet et och an di offiziell Charts gepackt. An de Billboard Hot 100 huet de Shawn Mendes Plaz 24 erreecht a a wa dee  jéngsten Interpret, dee sech mat senger Debütsingle sou héich plazéieren konnt.  

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Justin Bieber, Zayn

Lauschtert eran: