Eldoradio Xclusiv - 25. JuniAlvaro Soler- La Libertad

Di nei Single "La Libertad" ass op der Neioplaag vum Alvaro Soler sengem 2. Album "Mar De Colores" ze fannen. 

Leschten Update: 25.06.2019, 03:54:01

© eldo

Fakten
Mam Titel "La Libertad" presentéiert en Alvaro Solere e weidere Summerhit. No Hits wéi "La Cintura" an "Sofia" huet den Alvaro Soler eng  Extended Version vu sengem Album "Mar de Colores" mat 3 neie Singelen eraus bruecht. 

Aussergewéinleches:
2013 huet den Alvaro Soler an der spuenescher Castingshow "Tú sí que vales" d'Finale erreecht. Doropshin huet Universal Music ugefaangen, sech fir de Museker z'intresséieren an huet hien ënner Kontrakt geholl.

Fréier Hits
Mat Hits wéi „Sofia“ an „El Mismo Sol“ huet den Alvaro Soler sech weltwäit am ganzen 36 Gold- a Platin-Awards geséchert. Mat sengem Debütalbum gouf de Songwriter aus Barcelona a ganz Europa bekannt. Hien huet domat Plaz 1 an Italien, der Schwäiz a Polen erreecht. Mat "La Cintura", der éischter Single-Auskopplung vu sengem neien Album “Mar De Colores“, ass de Sänger op Plaz 7 vun den däitschen Single-Charts geklommen. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Enrique Iglesias, Ricky Martin, Luis Fonsi

Lauschtert eran: