Eldoradio Xclusiv - 26. JuniDermot Kennedy - Outnumbered

No sengem 1. groussen Hit "Power over Me" presentéiert den Dermot Kennedy seng nächste Single mat Hit-Potential.

Leschten Update: 26.06.2019, 09:04:41

© Eldoradio

Fakten
Iwwer Youtube a Spotify huet den Dermot Kennedy sech e Numm gemaach. Spéitstens säit sengem Hit "Power over Me", deen um Enn vum leschte Joer ageschloen huet, ass säi Numm e Begrëff. De 27. September kennt mat "Without Fear" säin 1. Album eraus, an zäitgläich mat der Annonce huet de 27 Järegen och eng nei Single erausbruecht, de Song "Outnumbered". Et ass e Song fir all déi Leit, déi total iwwerfuerdert sinn. Et soll drun erënneren dat et Licht um Enn vum Tunnel gëtt. 

Aussergewéinleches:
Kuerz éier säi groussen Hit "Power over Me" ageschloen huet, war den éischter nach onbekannten Dermot Kennedy am leschte September fir e Concert zu Lëtzebuerg an der Rockhal. An dësem Joer kennt de Museker zréck op Lëtzebuerg. Am November wäert hien als Headliner um Sonic Visions Festival spillen. 

Fréier Hits
A senger Heemecht ass an dësem Joer kee Song esou erfollegräich gewiescht wéi dem Dermot Kennedy säin 1. groussen Hit "Power over Me".  E Lidd, dat et am Januar vun dësem Joer an eisem Eldo Chartbreaker bis op d'Plaz 2 gepackt hat. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, Hozier & Tom Walker

Lauschtert eran: