Eldoradio Xclusiv - 27. JuniDeclan J Donovan - Vienna

"Vienna" ass d'Nofolgersingle vum Declan J Donovan sengem "Pieces".

Leschten Update: 27.06.2019, 07:27:13

© Screenshot Youtube

Fakten
Déi ganz nei Declan J Donovan Single "Vienna" ass u Romantik kaum ze iwwerbidden. Et ass eng Ballade iwwert een aus senger Crew, dee no engem Concert zu Wien e Meedche kennegeléiert huet an d'ganzt Nuecht domat verbruecht huet mat him ze schwätzen. Et ass dem jonke britesche Museker seng nei Single an alt erem e Song, dee vun de Leit aus sengem Ëmfeld inspiréiert ginn ass. 


Aussergewéinleches:
Seng Carrière  huet mat der Hochzäit vu sengem Brudder ugefaangen, fir déi hien de  Song „Fallen So Young“ geschriwwen huet. 6 Méint méi spéit huet hien den Demo vum Lidd erop gelueden an iwwer eng Millioun Klicks notéiert.


Fréier Hits
1. groussen Hit huet den Declan J Donovan bis well gehat, säi "Pieces". E Song deen am Ufank vun dësem Joer ageschloen huet an him zum Duerchbroch verhollef huet. Am Song "Pieces" geet et ëm e Kolleg, dee mat ville Problemer geplot ass. Mat sengem Lidd wollt de Museker dem Kolleg just soen, dat hie fir en do ass! 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dean Lewis, Alec Benjamin, & Syml

Lauschtert eran: