Eldoradio Xclusiv - 28. JuniKygo & Whitney Houston - Higher Love

7. Joer no sengem Dout, kennt mat "Higher Love" eng nei Whitney Houston Single eraus.

Leschten Update: 28.06.2019, 07:23:23

Fakten
An den 80er Joren huet de Steve Winwood 2. Grammy Awards kritt fir säi Song "Higher Love". Am Joer 1990 huet d'Whitney Houston dee Song bei engem Concert zu Tokio gecovert. E Joer méi spéit huet d'Musekerin de Song am Studio opgeholl. E sollt mat drop op säin 3. Album "I'm Your Baby". Um Enn ass de Song awer gestrach ginn. 28 Joer méi spéit bréngt de Kygo seng Versioun vun Higher Love, mam Whitney Houston senge Vocals eraus! 


Aussergewéinleches:
"Higher Love" ass den 1. Whitney Houston Release, no sengem Dout am Februar 2012, also a méi wéi 7. Joer! 


Fréier Hits
D'80er Jore waren déi grouss Whitney Houston Joren. Single wéi "I Wanna Dance With Somebody" oder "How Will I Know" si riseg Hits ginn. Ufank der 90er ass mam Bodyguard Soundtrack "I Will Always Love You" e weidere Welthit dobäi komm. 
De Kygo huet 2015 mat "Firestone" en éischten Hit gehat. Lidder wéi "It Ain't Me", "Remind Me To Forget" a "First Time" si weider Kygo-Hits.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Avicii & Mariah Carey

Lauschtert eran: