Eldoradio Xclusiv - 1. JuliGiant Rooks - 100mg

Déi däitsch Indieband kéint mat enger neier Single.

Leschten Update: 01.07.2019, 09:31:22

Fakten:
Zanter e puer Joer sinn Giant Rooks an der  Indie-Welt ënnerwee. Mat der neier Single "100 mg" kéinte si méi bekannt ginn.


Aussergewéinleches:
Giant Rooks hunn eppes fäerdeg bruecht, wat fir eng däitsch Indie-Band ongewéinlech ass: De Quintett huet an de UK an an den USA Erfolleg. Si hate schonn een Optrëtt zu Los Angeles, dono koumen Concerten an England.


Fréier Hits
Obwuel sech dee jonke Quintett eréischt 2014 gegrënnt gouf, gëtt e scho mat internationale Gréissten wéi Arcade Fire an Alt-J verglach an als intressantsten Newcomer vun der däitscher Indie-Szene gehandelt. Si kombinéieren experimentelle Sound mat poppegen Elementer. Mat der Single "Wild Stare" hate si virun e puer Méint een éischten Hit.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Leoniden, Kraftklub, Bosse

Lauschtert eran: