Eldoradio Xclusiv - 3. JuliEd Sheeran Feat. Khalid: Beautiful People

Zesumme mam R&B Sänger Khalid presentéiert den Ed Sheeran eng nei Single

03.07.2019, 02:21:12

Fakten:
No dee Singelen "I Don’t Care" mam Justin Bieber an "Cross Me" mam Chance The Rapper huet de britesche Museker seng nei Single "Beautiful People" eraus bruecht. Och hei ass mam Khalid nees e spannende Feature-Gaascht drop ze fannen. Den 12. Juli kënnt säin neien Album "No.6 Collaborations Project" mat 15 neie Songs. 

Aussergewéinleches:
Den Ed Sheeran huet sech des Woch wéi scho virun "I Don' Care" e grousse Spaass gemaach, d'Detailer zum Song mat Teaser-Fotoen an Instagram-Storys unzekënnegen.

Fréier Hits: 
D'Lëscht vun den Ed Sheeran Hits ass laang. Ugefaangen huet seng Erfollegsstory am Joer 2011 mat "The A Team". "Sing", "Thinking Out Loud" a "Shape of You" si just 3. Nummer 1 Hits déi an de Joren duerno erauskomm sinn. Fir de Khalid ass d'Zesummenaarbeecht mam Ed Sheeran net dat éischt musikalescht Liewenszeechen dëst Joer. Am Abrëll ass nämlech säi mëttlerweil 2. Album „Free Spirit“ eraus komm, dee Plaz 1 vun de Billboard Charts erreecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
LSD, Bruno Mars & Eli

Lauschtert eran: