Eldoradio Xclusiv - 4. JuliBlanco Brown - The Git Up

An der Single "The Git Up" mécht de Blanco Brown Country-Gesang mat Trap-Beats.

Leschten Update: 04.07.2019, 03:51:01

Fakten:
No "Old Town Road“ vun Lil Nas X a Billy Ray Cyrus kënnt deen nächste Country-HipHop-Song: de Blanco Brown kombinéiert béid Genren am Titel "The Git Up“ ganz gekonnt. De Sänger a Rapper ass zu Atlanta am US-Staat Georgia opgewuess. Zu senge gréisste musikaleschen Aflëss zielen Johnny Cash an OutKast. Zwou verschidde Museksrichtungen zesummenzebréngen, läit fir de Blanco Brown also op der Hand – säin eegene Stil bezeechent hien als „Trailer-Trap“.

Aussergewéinleches:
"The Git Up" ass eng Dedicace u seng Groussmamm. Dat huet de Sänger an engem Interview mat Billboard.com verroden. "Get up. Go do something productive in the world", huet si him all Moie gesot.



Fréier Hits: 
Sou richteg nei am Museksbusiness ass hien awer net: de Blanco huet ënner anerem scho mam Childish Gambino a mam Fergie zesumme geschafft. Mat „The Git Up“ start hien elo eleng duerch. Viru kuerzem huet de Blanco Brown seng Debüt-EP eraus bruecht.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lil Nas X, Marshmello, Jax Jones

Lauschtert eran: