Eldoradio Xclusiv - 5. JuliTwo Door Cinema Club - Once

"Once" ass de mëttlerweil schonn de 4. Release aus dem neien Two Door Cinema Club Album, den Enn Juni erauskomm ass!

Leschten Update: 05.07.2019, 09:14:32

© Eldoradio

Fakten:
Mentalproblemer, Drogesucht a villes méi! Dat waren d'Two Door Cinema Club Headlines an de leschte Joren. Da gouf emol e Fliger verpasst oder e Concert aus dem näischt ofgesot. Et huet alles drop higedeit, dat d'Karriär vun der britescher Band eriwwer wier, ma déi dräi Museker hunn d'Kéier a leschter Sekonn nach kritt. Mat hirem gelongen Optrëtt um Glastonbury Festival an hirem neien a 4. Album "False Alarm" feiere si eng Aart Comeback. Drop um Album ass de Song "Once", en Track deen een direkt mam Stil vun der Indie Band associéiert! 

Aussergewéinleches:
Am Song "Once" hannerfroen d'Museker de bekannte Sproch "Once in a Lifetime". An engem digitalen Zäitalter gëtt alles festgehalen. Gefillt kann een all Moment mam Smartphone festhalen an ëmmer nees kucken. Gëtt et dee "Once in a Lifetime" dann iwwerhaapt nach?

Fréier Hits: 
"What You Know" a "Sleep Alone" sinn zwee Two Door Cinema Songs, déi Iech e Begrëff dierfte sinn. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Foster The People, Phoenix & Saint Motel

Lauschtert eran: