Eldoradio Xclusiv - 9. JuliDJ Snake & J. Balvin Feat. Tyga - Loco Contigo

DJ Snake, J Balvin an Tyga liwweren ee perfekte Summerhit

Leschten Update: 09.07.2019, 02:40:02

Fakten:
Mat „Loco Contigo“ liwweren DJ Snake, J Balvin an Tyga de Soundtrack fir déi nächst Poolparty. An „Loco Contigo“, wat spuenesch ass fir „Verréckt no dir“, mixt den DJ Snake Reggaeton-Elementer mat melodiéise Background-Vocals an engem typesche Rap-Part á la Tyga. DJ Snake, J Balvin an Tyga verbannen dobäi englesch a spuenesch Lyrics mat Reggaeton-, HipHop an EDM-Aflëss.


Aussergewéinleches:
Den DJ Snake huet säi Kënschtlernumm vu ganz fréier: als Jugendlechen huet hien Graffiti gesprayt, gouf awer ni vun der Police erwëscht, a krut dowéinst de Spëtznumm „Snake“ – deen huet hien einfach behalen!


Fréier Hits:
Den J Balvin an den Tyga sinn sech net onbekannt. Di 2 Museker hunn eréischt Ufank Juni mam Song „Haute“ ee Feature mam Chris Brown eraus bruecht. An och den DJ Snake hat kierzlech um Titel „Enzo“ mat anere Rap-Staren zesumme geschafft, ënner anerem Gucci Mane, Offset an 21 Savage. An Enn 2018 hat hien mat „Taki Taki“ e groussen Hit gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nicky Jam, Magic! Jason Derulo

Lauschtert eran: