Eldoradio Xclusiv - 10. JuliDirty Heads - Lift Me Up

Di amerikanesch Reggae-Rock-Band presentéiert hir nei Single "Lift Me Up"

Leschten Update: 09.07.2019, 15:54:17

Fakten
Déi kalifornesch Reggae- / Pop- & HipHop-Band presentéiert hir nei Single „Lift Me Up“. D'Lidd baséiert op engem Sample vum Serge Gainsbourg-Song "je t'aime moi non plus" an ass op hirem 7. Studioalbum "Super Moon" ze fannen deen am August eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Op hire  Bandnumm  koume si, wéi si Alkohol aus engem Geschäft geklaut hunn an de Propriétaire hinnen nogeruff huet:  "Come here you little dirty heads!"

Fréier Hits:
Bei eis zwar nach e Geheimtipp, stinn Dirty Heads schonn zanter 2003 fir de südkalifornesche Sound, fir eng Mëschung aus Pop, Hip-Hop, Reggae a Rock. 2008 ass hiren Debütalbum „Any Point In A“ eraus komm an d'Single "Lay Me Down“ huet sech 11 Wochen laang opPlaz 1 vun de Billboard Alternative Charts gehalen. Mat Lidder wléi „Oxygen“, "Vacation" an „That’s All I Need“ hunn si och iwwerzeegt.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Michael Franti, Nappy Roots, Hoodie Allen


Lauschtert eran: