Eldoradio Xclusiv - 11. JuliTanae - No Way

No hirem Hit "Don't Go" ass di belsch Kënschtlerin Tanaë zréck mat hirer neier Single "No Way".

Leschten Update: 11.07.2019, 03:39:02

Fakten
D'Tanaë ass eng 23 Joer al Sängerin vu Léck. Beaflosst gëtt hatt vu Kënschtler wéi Lauryn Hill, Portishead an Amy Winehouse, awer och vu Sängerinne vu senger Generatioun wéi  Jorja Smith an Billie Eilish. Mat senger duusser Stëmm an senge soulege Melodien huet hatt sech an de leschte puer Joren bekannt gemaach. 

Aussergewéinleches. 
D'Tanaë gouf vun The Voice Belgique, The Voice France et la Nouvelle Star kontaktéiert. D'Sängerin huet awer refuséiert a wëllt léiwer onofhängeg u sengem eegene Projet schaffen.


Fréier Hits
Eischt Single war den Titel "I Need Your Love" deen am Oktober 2017 eraus komm ass. D'Lidd huet op verschiddene belsche Radio'en an d'Rotatioun gepackt. Zejoert hat d'Tanaë den Hit "Don't Go"-ee Song, deen och vill op Eldoradio gelaf ass.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Morcheeba, Eryka Badu, Joan As Police Woman

Lauschtert eran: