Eldoradio Exklusiv 12. Juli Michael Kiwanuka & Tom Misch - Money

De Michael Kiwanuka ass zréck mam funkegen Titel „Money“, deen hien zesumme mam Londoner Singer/Songwriter Tom Misch opgeholl huet.

Leschten Update: 12.07.2019, 16:44:09

Fakten
De Michael Kiwanuka an den Tom Misch hunn zesummen de Song „Money“ produzéiert. Mat „Money“ verbënnt den Duo Elementer aus Soul, Pop an 80er-Joren-Disco. 


Aussergewéinleches. 
Wéi de Michael Kiwanuka seet, kann eng ze vill grouss Geldgier geféierlech sinn: “The premise of Money is that, at first listen, it’s a song about money and how much I want it and love it. I want to use money to meet people and be around people that have a lot of it. But as you listen closer, it’s actually about how too much love for money can be dangerous.”

Fréier Hits
2012 gouf de britesche Sänger Kiwanuka bei der BBC-Prognose fir de Sound of 2012 op Plaz 1 gewielt. Seng Single "Home Again" gouf als Single verëffentlecht an huet d'UK-Charts erreecht. Den Debütalbum konnt sech a ville Länner erfollegräich placéieren. Den Tom Misch ass duerch Alben wéi  "Reverie" an "Geography" bekannt.  Hien huet och de Ruff, ee vun de beschte britesche Produzenten ze sinn.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anderson.Paak, Jacob Banks, Thundercat

Lauschtert eran: