Eldoradio Exklusiv 15. Juli Sam Fender: Will We Talk?

De Sam Fender presentéiert mat „Will We Talk?“ eng weider Single vu sengem Debütalbum.

Leschten Update: 15.07.2019, 02:44:02

Fakten
„Will We Talk?“ war eng vu sengen éischte Singelen, déi de Sam Fender nach als Teenager geschriwwen hat. D'Lidd handelt vu laange Partynuechten, One-Night Stands a Libeskommer. Am September soll säin Debütalbum „Hypersonic Missiles“ eraus kommen.


Aussergewéinleches. 
Bei de BRIT’s Choice Awards huet de Sam Fender sech zwar géint de Lewis Capaldi duerchgesat, privat sinn di 2 Singer-Songwriter awer gutt befrënnt. De Lewis Capaldi ass mat „Someone You Loved“ grad iwwerall ze héieren, an feiert dat gären och mol mat e puer Drinks. Da schéckt hien dem Sam Fender ëmmer alkoholiséiert Videoe vu sech- wann dat kee Frëndschaftsbeweis ass!

Fréier Hits
Virun 2 Joer ass de Sam Fender fir d'éischt an der Musekswelt opgedaucht, zanterhier kann den Newcomer vun Newcastle schonn op e puer Highlights zréck kucken. Hie gouf vun der BBC zum intressantsten Newcomer 2018 gewielt, seng Single „Play God“ ass de Soundtrack vum Videospill FIFA19 an dëst Joer huet hien de Kritikerpräis vun de BRIT Awards gewonnen.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, Nothing But Thieves, The Wombats



Lauschtert eran: