Eldoradio Exklusiv 16. Juli Rosalia- Aute Cuture

Di spuenesch Kënschtlerin Rosalía huet eng nei Single virgestallt.

Leschten Update: 16.07.2019, 03:38:01

Fakten
D'Rosalía huet sech mat senger aussergewéinlecher Kombinatioun vu klasseschem Flamenco mat elektronesche Beats an der leschter Zäit an der Musekszeen en Numm gemaach. Mam Album "El Mal Querer" vun 2018 ass him den internationalen Duerchbroch gelongen. Dono koumen e puer renomméiert Features, ënner anerem am Hit "Con Altura", dee mam J Balvin a mam El Guincho entstanen ass. Mam El Guincho ass och di nei Single vum Rosalía entstanen.



Aussergewéinleches. 
Am Videoclip zu der Single "Aute Cuture", déi eng Referenz zur Haute Couture mécht, sinn et awer manner déi extravagant Kleeder, déi am Mëttelpunkt stinn, wéi villméi seng extrem laang Fangerneel. Am Tarantino-Stil zitt d'Rosalía mat senger „Beauty Gang“ duerch d'Stroossen a weist de „Green Boys“ wien d'Welt regéiert. 



Fréier Hits
2019 war d'Rosalía schonn op "Barefoot In The Park" vum James Blake Album "Assume Form" ze héieren, an zesumme mam  J. Balvin op sengem Hit "Con Altura".



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Carly Rae Jepsen, Lorde, Dua Lipa



Lauschtert eran: