Eldoradio Exklusiv 17. Juli Wyldest - You Could Be Happy

De Londoner Trio presentéiert een duussen atmosphäresche Popsound

Leschten Update: 17.07.2019, 03:36:02

Fakten
De Londoner Trio ass zréck mat enger neier Single. D'Lidd ass um neien Album "Dream Chaos" ze fannen, dee bannent  18 Méint ënnert der Leedung vum Grënner Zoe Mead, zesumme mat der Multi-Instrumentalistin Mariin Kallikorm an dem Drummer Jack Gooderham entstanen ass. Si hunn ee Sound kreéiert, deen iergendwou tëscht Shoegaze an Dark Dream-Pop läit. 



Aussergewéinleches. 
Wyldest ginn zanter hirer Grënnung vun der britescher Press, wéi z.B. The Independent, SPIN, an NME, an héchsten Téin gelueft.



Fréier Hits
2016 huet di Londoner Band hir den Debüt EP “Dark Matter” eraus bruecht. Zanterhier ass si bekannt fir hiren atmosphäresche Sound.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sampha, Jamie Woon, Rhye



Lauschtert eran: